DE CLAUDE MEYLENDER IWERHËLT

15th October 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Bei eiser éischter Ekipp koum et no der onglécklecher 1:2-Nidderlag um 7. Spilldag géngt Weiler zu engem Wiessel op der Trainerbänk. Den FC Blo-Wäiss Izeg huet sech vum Marc Birsens, deen zënter Juli 2023 am Déngscht vum Veräin stoung, getrennt.

Säitdem steet mam Claude Meylender, dee bis dohin als Co-Trainer bei dene Blo-Wäissen aktiv war, e weideren ehemolegen Nationalspiller an der Verantwortung.

Dem Marc Birsens soë mir op dëser Plaatz nach emol villmols Merci fir säin Asaatz an dene leschte 15 Méint, a wënschen him fir seng Zukunft alles Guddes.