HEEMDEBAKEL GÉNGT ÉILERENG

15th October 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Eis éischt Ekipp huet um aachte Spilldag géngt Éilereng eng 1:5-Heemnidderlag kasséiert.

D’Visiteuren sinn duerch Goler an der 31. an 43.Minutt matt engen 2:0-Virsprong an d’Paus gaang, deen si an der 58.‘, 61.‘ an 63.‘ wieder ausgebaut hunn. Den Izeger Éiregol huet den Eric Perrey kuerz viru Schluss markéiert (88.‘).

Matt weiderhin zwee Punkten rutscht eis Ekipp am Klassement doduerch op déi lescht Plaatz.

EKIPP FC IZEG: D.Goncalves, Almeida, Akab, Skenderovic, Dos Reis (65.‘ Fernandes), Marques (60.‘ Jacinto), Perrey, Faber, Ikwa, Santos (63.‘ Yagremongo), Y.Goncalves (46.‘ Lissajoux)

Schon dëse Mëttwoch, den 16.Oktober geet et weider matt der 1/32-Finall an der Coupe FLF, wou en Auswäertsmatch bei der US Esch um Programm steet. Ustouss um synthetëschen Terrain zu Esch-Lalleng ass ëm 20 Auer.