GUDD FIR D‘MORAL

17th October 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Am éischten Haapttour vun der Coupe FLF huet eis éischt Ekipp sech matt 4:1 (3:1) bei der US Esch duerchgesat.

Déi Blo-Wäiss haten zumols virun der Paus e schwéiere Stand. Den Drëttdivisionär war no enger Véirelstonn a Féirung gaang, ier nach virun der Paus Ado Skenderovic (35.‘), Yannick Goncalves (39.‘) a Brandon Ikwa (40.‘) de Match bannent 5 Minutten konnten zu eise Gonschten dréien.

Kuerz nom Säitewiessel huet de Sabin Yagremongo (54.’) fir d’Schlussresultat gesuergt.

Leider huet den Izeger Golkipp Hugo Felgueiras  missen an der 34.Minutt wéinst enger Knéiverletzung ausgewiesselt an an d’Klinik gefouert ginn. Mir wënschen dem Hugo vun dëser Plaatz aus eng séier a gudd Besserung!

EKIPP FC IZEG: Felgueiras (33.‘ D.Goncalves), Almeida, Skenderovic, Akab, Galli, Dos Reis (69.‘ Marques), Perrey, Ikwa, Fernandes (69.‘ Faber), Y.Goncalves, Yagremongo (60.‘ Jacinto)

Nächste Sondeg, den 20.Oktober geet et weider mam 9. Spilldag am Championnat, wou en Auswäertsmatch bei der Union Käl-Téiteng op déi Blo-Wäiss waart. Ustouss um Stade Victor Marchal zu Téiteng ass ëm 16 Auer.