DÄITLECHE VIRSPRONG VERSPILLT

11th November 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Fir eis éischt Ekipp war an der 1/16-Finall vun der Coupe FLF Endstatioun. Géngt Mäerzeg gouf et um Enn eng 3:4-Nidderlag, obwuel d’Spiller vum Trainer Claude Meylender no 65 Minutten nach 3:0 vir waren.

Nodeem Yannick Goncalves (14.‘ an 56.‘) a Bruno Fernandes (28.‘) tëschenduerch fir en däitleche Virsprong gesuergt haten, konnten d’Visiteuren de Match bannent eng gudder Véirelstonn duerch Ivo Rosa (65.‘, Elefmeter), Pol Schlesser (66.‘) an den agewiesselten Mikael Madeira (76.‘ an 81.‘) dréien.

EKIPP FC IZEG: D.Goncalves, Almeida, Akab, Skenderovic, Santos, Dos Reis, Jacinto (55.‘ Nunez), Delgado, Ikwa, Fernandes, Y.Goncalves (59.‘ Yagremongo)

Nächste Sondeg, de 17.November geet et am Championnat weider mam 12.Spilldag, wou en Heemmatch géngt Réimech-Bus um Programm steet. Ustouss um Stade Albert Kongs ass ëm 16 Auer.